D’Alexandra Kurt huet zu München Fernsee- a Kinofilmregie studéiert a krut elo den däitsche Jugendfilmpräis fir “August und die Hasenohren”. No engem “BTS- Cinéma et Audiovisuel” am Lycée des Arts et Métiers goung et an déi bayresch Haaptstad fir de Studium an éischt Filmprojeten, wou si fir Dréibuch a Regie responsabel war. D’Lëscht mat Kuerzfilmer wiisst zanter 2014 konstant, donieft huet d’Realisatrice och zwee Museksvideoe fir “Seed To Tree” an “The Choppy Bumpy Peaches” gedréit. 2020 huet d’Alexandra “Gestalten” mat ënnert anerem dem William Cohn gedréit, dem Sidekick vum Jan Böhmermann in der ZDFneo-Sendung “Neo Magazin Royale, deen den 2. Juli mat 65 Joer gestuerwen ass.
Den Tim Wilhelm ass de Sänger vun der Münchener Freiheit, an hie kënnt de 15. Juli mat der Kultband op Hesper. Et ass déi 10. Editioun vum Kultursummer, wou och “Cool Feet” den 23. Juli bei Geleeënheet vun hirer “30 Joer Bistro Tour” optrieden. Groussen Highlight ass natierlech d’Kultband aus den 80er, déi sech mat Lidder wéi “Ohne dich”, “Tausendmal du” an “So lang man Träume noch leben kann” onstierflech gemaach huet. Am Hierscht 2008 gouf den Hit “Ohne dich” an d’Buch “Die 100 Schlager des Jahrhunderts” opgeholl, a bei hirem Open-Air-Optrëtt zu Hesper am Park dierfen hir Klassiker net feelen. Den Entrée fir dësen eemolege Spektakel mat der Original-Band ass fräi.
De Rafael Parrinha steet gär op der Bün an ass de Weekend mat senger Grupp 7Last beim Festival “Mir si Miersch” derbäi. Den neie Festival, deen dëse Weekend op direkt 2 Bünen ofleeft, mat Museker a Gruppen, déi zu Miersch wunnen oder schaffen oder e Bezuch zum Mëttelpunkt vum Land hunn. Lokal Kënschtlerinnen a Kënstlecher stinn e Samschdeg a Sonndeg am Fokus an et geet vun Elektro iwwer Pop, Rock bis zu Folk. Mat derbäi de Rapper LeDé Milestone, DJane Amii Watson, awer och vum Kollektiv Stayfou den Turnup Tun an den Tommek, Indie-Fok mat “Seed to Tree” oder Reggae mat “The Disliked”. Den Ofschloss mécht e Sonndeg de Serge Tonnar.
