
Wéi d’däitsch Police matdeelt, stoung en 31 Joer ale Mann en Donneschdeg de Moie mat sengem Won matten an der Hamburger Gare Altona, an engem Beräich mat Butteker a Restauranten. De Motor ass gelaf an d’Dier vun der Chaufferssäit stoung grouss op, am Auto war awer keen. Wéi d’Police schreift, war och d’Musek uerdentlech opgedréint.
An deem Ament koum de Proprietär och nees bei säin Auto zeréck, mat enger Fläsch Wäin am Grapp, déi en do op der Gare am Supermarché kafe war. Wéi hie wollt fortfueren, gouf e vun de Poliziste gestoppt an et gouf en Alkoholtest gemaach. Bei deem koum e Wäert vun 1,1 Promill eraus.