
Eurostat huet d’Alkoholspräisser an der EU genau ënnert d’Lupp geholl. 2019 huet een a verschiddene Memberstaate zweemol souvill fir Alkohol missen op den Dësch leeë wéi an anere Länner. Am déifsten huet een a Finnland missen an d’Täsch gräifen, fir sech alkoholesch Gedrénks ze kafen. Op Plaz 2 kënnt Irland an op Plaz 3 Schweden. E weidert skandinavescht Land, nämlech Dänemark, kënnt op déi 5. Plaz.
Knapp ënnert dem EU-Duerchschnëtt läit Lëtzebuerg op der 17. Plaz, dohannert Litauen, Slowenien an d’Slowakei. An eisen Nopeschlänner Belsch (Plaz 9) a Frankräich (Plaz 16) ass den Alkohol méi deier, an Däitschland (Plaz 21) muss een dogéint manner bezuelen.
Am bëllegsten sinn d’Alkoholspräisser an Osteuropa. Op der leschter Plaz vum Eurostat-Ranking läit Rumänien, direkt virdru Bulgarien, Ungarn an Tschechien.