Rock'N'Roll trotz CoronaAltersheem an Texas kämpft mat gratis Tattoo a Gedrénks géint de Blues

RTL Lëtzebuerg
An engem Altersheem an Texas huet sech d'Personal sou munches afale gelooss, fir d'Bewunner an Zäite vu Corona a Quarantän op Trapp ze halen.

Zu Hillsboro am „Wesley House Assisted Living“ versicht een den eelere Leit, déi vun der Baussewelt isoléiert sinn, d’Zäit sou flott wéi méiglech ze gestalten.

Ënnert anerem mat speziellen Eventer, wéi zum Beispill “Drinks and Tattoos”, bei deenen alkoholesch an net-alkoholesch Gedrénks zerwéiert ginn an d’Bewunner sech dann en Tattoo-Motiv aussiche kënnen. Dëse gëtt allerdéngs net wierklech gestach, d’Motiver ginn op d’Haut opgepecht.

Donieft sollen d’Senioren och hiert d’Talent op der Danzpist kënnen ënner Beweis stëllen. Alles ënner strikte Corona-Mesuren natierlech. D’Raim, an deenen déi ënnerschiddlech Aktivitéiten organiséiert ginn, gi permanent desinfizéiert an de Kontakt tëscht den 30 Bewunner vum Altersheem gëtt op de strikte Minimum reduzéiert.

Back to Top
CIM LOGO