"Schnappszuel"-Datum wéi 2.2.22Am Februar wäerte sech wuel méi Koppelen d'Jo-Wuert ginn

RTL Lëtzebuerg
Och wann de Februar net grad zu de beléiftste Méint zielt, fir sech ze bestueden, dëst Joer wäert et wuel e bëssen anescht sinn.

Sougenannte “Schnappszuelen” lackelen dëse Februar vill Koppelen, sech d’Jo-Wuert ze ginn. Op engem Datum wéi den 2.2.22 oder nach den 22.2.22 kann et deemno duerchaus sinn, dass extra vill Verléifter virum Altor, respektiv an der Gemeng stinn, fir fir ëmmer an éiweg mat hirem Léifste vereent ze sinn.

Och an de Jore virdru ginn esou Datumer ëmmer gär fir Hochzäite genotzt, wéi zum Beispill den 12.12.2012. Eleng an Däitschland hu sech deen Dag 46.200 Koppele bestuet, e Rekord am Verglach mat den Dezember-Méint tëscht 2011 an 2020, sou d’Statistisches Bundesamt zu Wiesbaden. Well och 2020 hat de Februar scho fir iwwerduerchschnëttlech méi Hochzäite gesuergt mam 2.2.2020 an dem 20.2.2020.

Ob d’Zuelen elo nach méi héich ausfale wäerten, bleift nach ofzewaarden. De Februar ass wéi gesot, net ganz beléift bei den Hochzäitswëllegen. Déi meescht Koppelen hu léiwer en Datum am Summer, schonn eleng well léiwer am Fräie gefeiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO