
Nodeems de Fluch aus Zypern e Méindeg géint 22 Auer um Fluchhafen Heathrow zu London gelant ass, koum aus der Entrée vum Fléissband um Terminal 5 eng Box no där anerer mat gefruere Fësch. Vun de Koffere vun de Passagéier gouf et awer keng Spuer.
Wéi d’Leit d’Personal op d’Fësch opmierksam gemaach hunn, wieren och dës perplex gewiescht. Keen hätt sech erkläre kënnen, wéi déi offensichtlech Cargo-Wuer op engem Passagéier-Terminal ausgeluede konnt ginn. Verschidde Passagéier hu souguer missen ouni Gepäck heem fueren.
E Mëttwoch hätten dann och déi lescht Passagéier hir Wallisse mat enger Noriicht vun “British Airways” kritt, an där d’Fluchgesellschaft sech bei hire Clienten entschëllegt huet.