Klenge Faux pasAngela Merkel begréisst dänesch Kinnigin bei royalem Besuch mat der Fauscht

RTL Lëtzebuerg
D'Kinnigin vun Dänemark, Margarethe II., war fir eng Visitt zu Berlin a gouf do vun der Angela Merkel begréisst. Awer op eng méi onkonventionell Manéier.
© AFP

E Mëttwoch de Moien ass déi 81 Joer al Monarchin um militäreschen Deel vum Berliner Fluchhafe gelant. Mat engem häerzleche Laache sti sech kuerz drop béid Powerfraen, Angela Merkel a Kinnigin Margarethe, géintiwwer.

Dat Laachen huet d’Monarchin och net verluer, wéi si vun der Bundeskanzlerin faisant-fonction d’Fauscht als Begréissung ugebuede krut. No engem kuerzen iwwerraschte Bléck, entschëllegt sech d’Kinnigin a refuséiert dës, fir kinneklech Verhältnisser, onpassend Manéier Moien ze soen. Op spéideren Opnamen, déi d’royal Visitt festgehalen hunn, ass ze gesinn, wéi d’Angela Merkel dono onbehollef hir Hänn, genee wéi d’Kinnigin vun Dänemark, virun hir Broscht hält, quasi esou, wéi wa si sech och entschëllege wéilt.

Fir d’Kinnigin Margarethe II. geet et dono stramm weider am Programm, deen op 4 Deeg ugesat ass. D’Rendez-vouse gi vu kulturelle Visitte bis hin zu Treffe mat Wirtschaftsvertrieder. Ënnerstëtzt gëtt si vun hirem Fils, dem Krounprënz Frederik, dee si déi 4 Deeg an Däitschland begleet.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO