No 10 JoerArnold Schwarzenegger a Maria Shriver sinn endlech gescheet

RTL Lëtzebuerg
25 Joer laang huet d'Bestietnis vum Arnold Schwarzeneeger a senger Fra gehalen, wier do net eng ganz prekär Affär vum Terminator-Star gewiescht.
© AFP Archivbild

No 10 Joer Hin an Hier ass d’Scheedung vum US-Schauspiller an EX-Gouverneur an der Journalistin duerch.

1986 hat sech d’Koppel d’Jo-Wuert ginn. D’Kennedy-Nofollgerin an den éisträichesche Bodybuilder goufe vun Ufank un als ongläich Koppel gesinn a kaum een huet där Bezéiung eng Chance ginn. Ma hiert d’Bestietnis huet trotzdeem 25 Joer laang gehalen an zesumme krute si 4 Kanner. A se hätt wuel och nach méi laang gedauert, wier do net en däischtert Geheimnis gewiescht, dat den Ex-Bodybuilder laang fir sech behalen huet. Mat enger fréierer Haushälterin huet hien nämlech e Kand, dat souguer zäitweis mat am Haus vun de Schwarzeneggers gewunnt huet.

Wéi et méiglech war, dat esou laang geheim ze halen, ass scho bal e Rätsel, ëmsou méi well de Joseph Baena sengem Papp wéi eng Drëps där anerer gläicht. Um Enn war et d’Haushälterin, déi mat der Wouerecht koum, awer och just well si vum Maria Shriver 2011 op de Glach ugeschwat gouf. Kuerz drop ass d’Maria Shriver aus dem gemeinsamen Haus erausgeplënnert. Hire jéngste Jong war en plus nëmme 5 Deeg virum Joseph Baena op d’Welt komm.

Dass d’Scheedung schlussendlech esou laang gedauert huet, war, well kee besonnesch motivéiert war, se duerchzezéien an och d’Opdeelung vum Verméige wier komplizéiert gewiescht. Gestridde gouf an där Zäit quasi net, ëmmer nees post den Arnold Schwarzenegger gemeinsam Fotoen als Koppel mat de Kanner.

Back to Top
CIM LOGO