
E Mataarbechter vum Haff hätt ausgesot, dass dem neie Kinnek wuel alles e bëssen ze vill gëtt aktuell. Dat mellt d’Lifestyle-Zeitung IN an hirer Print-Editioun. Wéi et heescht, sollen d’Doktere seriö besuergt sinn a sengem eelste Fils, dem Prënz William, gesot hunn, hie soll sech prett halen. Den 73 Joer ale Kinnek wier elo schonn u senge Limitten. No bausse géif hie sech souverän weisen, ma hannert de Palaismauere wier et anescht, sou nach den Insider. “Dat ass net alles. Ech krut gesot, hie wier emotional zesummegebrach an hätt senger Fra Camilla gesot, säin neit Liewe wier ze vill fir hien. Hie wier midd an hätt Panik, am Hibléck, wat als Kinnek nach virun him läit”.
Déi kierzten Zéit um Troun an de leschten 200 Joer vun der brittescher Monarchie?
Den Charles ass net just deen am längsten amtéierenden Trounfollger, hie koum och nach als ee vun den eelste Monarchen, déi dat Vereenegt Kinnekräich jeemools bei engem Trounwiessel erlieft huet, op den Troun. Ma och seng eege Famill mécht him et net grad liicht a senger neier Roll. Quasi all Dag ginn et Nouvellen aus den USA vu sengem jéngste Fils a senger Fra Meghan. Nouvellen, déi der brittescher Kinneksfamill net grad zegutt kommen.
Ma et ass souguer nach en anere Problem, deen den neie Kinnek bedréckt. An e puer Woche soll déi nei Netflix-Staffel “The Crown” un de Start goen, déi sech mam Bestietnes tëscht dem Diana an dem Charles beschäftegt, a senger Affär mat der Queen Consort Camilla. Sécher net grad e Sujet, un dee sech de Kinnek Charles gär erënnert oder erënnert gëtt. Dovun ofgesinn, dass hien als neie brittesche Kinnek mat esou enger Vergaangenheet net immens gutt do steet.
Domat awer net genuch. Nom Lancement vun der neier “The Crown"-Staffel den 9. November soll zäitgläich och d’Dokumentatioun vum Prënz Harry an der Herzogin Meghan gewise ginn. D’Warscheinlechkeet, dass och si net grad “frëndlech” iwwert dat brittescht Kinnekshaus schwätzen, ass grouss. Nach emol Kappzerbrieches fir de Kinnek Charles III.
Wieren zum Schluss nach dem Harry seng Memoiren z’ernimmen. Déi sollen nach dëst Joer erauskommen. Do soll den Charles verschount bleiwen, ma d’Fra u senger Säit, d’Camilla, soll do manner gutt ewechkommen.
Affaire à suivre...