
Nom Succès vum Télévie Charity-Dinner, de 15. Abrëll, organiséiert Atrex nach en zweeten Event fir de gudden Zweck. De kompletten Erléis vun dësen Evenementer gëtt integral un den Télévie gespent.
E Samschdeg, den 30. Abrëll 2022, tëscht 12.00 an 18.00 Auer organiséiert ATREX Baptêmen (“Taxi Drives”) fir de Grand public um aussergewéinlechen an historesche Site vun Esch-Belval niewent den Héichiewen.
Tëschent 20 an 30 Euro kascht et fir 20 Minutten als Bäifuerer mat engem Sportsauto (Porsche, Ferrari, Lamborghini a vill anerer) matzefueren. Op der Plaz ass fir Animatioun, wéi och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Duerch d0Europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 gëtt donieft och e spannende Kaderprogramm op der Plaz gebueden.
Fir dëse Charity-Event kann Atrex op d’Ënnerstëtzung vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022, op hir sëlleg Partner a Sponsoren, souwéi op d’Zesummenaarbecht mat RTL zielen.
De Comité vun ATREX freet sech iwwer all Participatioun, fir zesummen den Télévie an domadder d’Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. Den Entrée op de Site ass gratis, fir als Bäifuerer ze deelzehuelen, brauch ee sech net unzemellen.
Dir sidd Proprietär vun engem exzeptionellen Auto a wëllt des Aktioun aktiv mat ënnerstëtzen? Mellt iech w.e.g. hei un