Hotline fir besuergte BiergerBarack Obama verëffentlecht seng Telefonsnummer op Twitter

RTL Lëtzebuerg
Eng Kéier am Liewe mam fréieren amerikanesche President schwätzen. Dësen Dram kéint elo an Erfëllung goen.
© AFP/Archiv/ARIS MESSINIS

De Barack Obama wëll nämlech fir d’US-Bierger erreechbar sinn. Dag an Nuecht. Aus deem Grond huet hie seng Handysnummer getwittert, op där jidderee kann Noriichten hannerloossen. Ënnert der Nummer 773-365-9687 kann een him säin Häerz ausschëdden. Hie wëll nämlech wëssen, wéi d’Leit sech dobausse fillen, wat hinnen duerch de Kapp geet a fir wie si dëst Joer ofstëmme wäerten.

Ob den Obama awer jidderengem perséinlech äntwere wäert, ass éischter onwarscheinlech. An awer probéiert hien, sech “vun Zäit zu Zäit ze mellen”.

Back to Top
CIM LOGO