An der Konsumgesellschaft, an där mir liewen, entsteet doduerch awer och enorm vill Offall an do fléien och alt emol Saachen an d’Poubelle, déi mir net méi wëllen oder brauchen, déi am Fong nach ganz an der Rei sinn.
Am Ressourcen-Zenter zu Schëffleng gëtt et eng Initiativ, wou esou Saachen en zweet Liewe kréien. Am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft kontrolléiere se beim SIVEC d’Tuten, déi d’Leit an de Sperrmüll wëlle geheien a fëschen dobäi vill Saachen eraus, déi guer net missten an d’Poubelle fléien.
Aktuell sinn et d’Awunner aus de SIVEC-Gemengen, déi kënne matmaachen. Also Esch, Monnerech, Recken, Suessem a Schëffleng. Dat sinn ëmmerhi 75.000 Awunner. Zu Schëffleng hätte se awer näischt dogéint, wann och aner Gemenge sech géifen uschléissen, dass Saachen, déi nach gutt sinn, net an d’Poubelle fléien, mee en zweet Liewe kréien.