Eleng op der Escher Gemeng sinn et véier Koppelen, déi sech d’Jo-Wuert ginn hunn. Op der Stater Gemeng konnt ee sech en Dënschdeg net bestueden. Dofir si mer an déi zweet gréisst Stad vum Land gefuer, fir beim grousse Moment vun e puer Koppelen derbäi ze sinn. A sou krute mer och en Abléck an de fuschneie Sëtzungssall, deen en Dënschdeg sou just virum éischte Jo-Wuert fäerdeg ginn ass.