Welt-Orang-Utan-DagBestand riskéiert ëm 83% zeréckzegoen

RTL Lëtzebuerg
Den 19. August ass de Welt-Orang-Utan-Dag. D'ASBL "Orang Utan Help Lëtzebuerg" mécht an deem Kontext op d'Ausstierwe vun dëser Gattung opmierksam.
© AFP

Wéinst senger staarker genetescher Ähnlechkeet mam Mënsch - 97% fir genau ze sinn - gëllt dëse Primat als nooste Verwandte vum Homo Sapiens Sapiens. Säin Numm, deen aus dem Indoneesesche mat “Bëschmënsch” wuertwiertlech iwwersat gëtt, verweist op dës erstaunlech Affinitéit mam Mënsch.

Ëmsou méi traureg ass et, dass der Gattung hire gréisste Feind de Mënsch ass. Ee vun de Grënn dofir ass d’kontinuéierlech a rasant Ofholzung vum roudhoregen Af sengem natierleche Liewensraum, dem Reebësch. Als weider Grënn ginn den illegalen Handel mat klengen Orang-Utanen an d’Ëmbrénge vu weiblechen Orang-Utane genannt, déi hir Kanner bis zum Doud verdeedegen.

Esou geet d’IUCN (International Union for Conservation of Nature) dovun aus, dass d’Zuel vun den Orang-Utanen ëm 83% an deene nächsten dräi Generatioune wäert erofgoen. Doduerch gëllt de Primat als eng staark vum Ausstierwe bedrote Gattung.

Den Ament geet een dovunner aus, dass et nach ëm déi 57.000 wëll Déiere ginn, wouvunner eng grouss Majoritéit zu der Borneo-Orang-Utan-Aart gehéiert. Ewéi den Numm schonn indiquéiert, liewen dës op der asiatescher Insel Borneo. Déi reschtlech 7.000 Déiere ginn an zwou Sub-Kategorië klasséiert: Engersäits d’Sumatra-Orang-Utanen, vun deenen et ronn 6.200 Déiere ginn, an anerersäits eng kleng Grupp vun 800 Tapanuli-Orang-Utanen.

Fir dem Ausstierwe vun dëser Gattung entgéintzewierken, recommandéiert d’Organisatioun “Orang Utan Help Lëtzebuerg asbl” Produiten ze vermeiden, déi aus Palmenueleg hiergestallt ginn, well d’Ubaue vun Uelegpalmen ee vun de Grënn vun der Ofholzung am Reebësch ass. Si schloe vir, op lokal Alternativen, ewéi Raps- oder Sonneblummenueleg, zeréckgräifen. Donieft gëtt vum Kaf vun Tropenholz an anere Produkter staark ofgeroden, déi aus dëser Ofholzung resultéieren.

Méi Informatiounen zu dësem Sujet fannt Dir um Internetsite www.orangutan.lu.

PDF: Communiqué Orang Utan Help Lëtzebuerg (18.08.2020)

Back to Top
CIM LOGO