SensibiliséierungscampagneBlannenheem zu Bieschbech hat op en "Dinner in the Dark" invitéiert

Philippe Dondelinger
Wéi gesäit den Alldag vun enger blanner Persoun aus? Wéi sech e Liewen am Däischteren ufillt, konnt een op engem speziellen "Dinner" erliewen.

D’lescht Woch huet d’Blannenheem zu Bieschbech d’Leit op en “Dinner in the Dark” invitéiert. Eng Sensibiliséierungscampagne, déi ee fir een Owend an d’Welt vun deene Blannen entféiert, eng Welt, déi fir verschiddener ëmmer stackdäischter ass.

Den Direkter vum Blannenheem Thierry Lutgen erkläert, dass et u sech 2 Grënn ginn, firwat si dës Iddie an d’Liewen geruff hunn. Engersäits fir deenen, déi gesinn ze weisen, wéi deene Blannen hiert Liewen ausgesäit. Anersäits wëlle se domadder weisen, dass si keen Handicap hunn, esou waren et och déi Blann, déi dësen Owend zerwéiert hunn.

D’Pascale Link ass eng vun deene Persounen, déi den Owend zerwéieren. Fir si ass et Alldag, näischt ze gesinn a fir dëst ze verstoen, muss een et eng Kéier selwer erlieft hunn. Deemno ass dës Erfarung, déi een hei sammelen kann, och fir si wichteg.

Nom Aperitif dobausse goung et fir d’Invitéen an d’Däischtert eran, d’Leit ginn och am Däischteren op hir Plaze bruecht. D’Grënn, firwat se dëst erliewe wëllen, déi si ganz ënnerschiddlech.

Och de Joaquim Sampaio Alves ass blann an ass ee vun der Serveuren. Hie weess, dass et fir munch een net esou einfach wäert ginn, vue dass si sech op aner Sënner musse konzentréiere wéi gewinnt.

Eng eemoleg Experienz, déi engem definitiv bewosst mécht, dass villes aneschters ass a vläicht och méi ustrengend am Alldag.

Back to Top
CIM LOGO