
Wéi déi amerikanesch Boulevard-Plattform “TMZ” mellt, soll de Schauspiller seng Ex-Fra verklot hunn, well si hir Undeeler um gemeinsame Wënzerbetrib ouni säi Wëssen un e russeschen Oligarch verkaaft hätt. Duerch d’Klo wéilt de Brad Pitt den Deal nees Réckgängeg maachen.
D’Koppel hat de Wënzerbetrib Château Miraval a Frankräich am Joer 2012 zesumme kaaft. Wéi “TMZ” mellt, sollen dem Angelina Jolie seng Undeeler sollen elo un eng Firma mam Numm Tenute del Mondo verkaf gi sinn, déi zu der Stoli Group gehéiert. Dës gëtt vum Russ Yuri Schefler geleet.