
D’Britney Spears huet schonn zwee Kanner mat hirem Ex-Mann Kevin Federline: De 16 Joer ale Sean an de 15 Joer alen Jayden. Hiren Ex-Mann huet fir béid Teenager d’Suergerecht.
Am Prozess géint d’Tutelle vun hirem Papp hat d’Sängerin schonn däitlech gemaach, datt si sech e weidert Kand géing wënschen. Vun der Schwangerschaft huet si elo awer selwer iwwerrascht geschéngt.
Si hätt trotz verschiddene Versich, fir ofzehuelen, bäigeholl a sech geduecht: “Oh jee ... Wat ass mat mengem Bauch passéiert?” Sou d’Spears op der Onlineplattform Instagram. Hire Partner hätt scho spekuléiert, si wär “vum Iesse schwanger”. Doropshin hätt si ee Schwangerschaftstest gemaach, " an uhhhhh... ech kréien e Puppelchen”.
D’Popsängerin hat eréischt virun e puer Méint erfollegräich géint déi knapp 14 Joer laang Tutelle vun hirem Papp Jamie Spears geklot. Am Joer 2008 gouf d’Sängerin wéinst psychesche Problemer an eng Klinik agewisen, wouropshi si ënnert d’Tutelle vun hirem Papp gesat gouf. An de leschte Joren hat d’Britney Spears sech awer juristesch dogéint gewiert. No engem jorelaange Rechtssträit ass d’Britney Spears deemno nees zanter November 2021 “fräi”.