
Wat als kreativ Traditioun ugefaangen huet, kann dem Matthew Robson aus Groussbritannien elo dobäi behëlleflech sinn, säin Dram vum Haus ze realiséieren. 28 Joer laang huet de Pete Robson nämlech Whisky vun der Mark Macallan kaf a sengem Bouf fir de Gebuertsdag geschenkt. Dat huet hien am Interview mat BBC erzielt. An der Originalverpackung stoung de Whisky wärend deem ganzen Zäitraum an engem Regal. Opgemaach a gedronk gouf keng vun dëse Fläschen.
Ee Gléck: D’Alkohol-Sammlung ass nämlech ëmgerechent ronn 44.900 Euro wäert. 28 Fläschen, déi de Papp am Ganze 5.612 Euro kascht hunn. E ganzt Eegenheem ka sech den 28 Joer ale Mann awer net mam Verkaf vum Gebuertsdagskaddo leeschten, mä en héijen Akkont ass duerchaus méiglech.
Fir e Kand war dëst Geschenk wuel net ëmmer déi flottsten Iddi, awer als jonken Erwuessene wier dëst eng vu de beschte Saachen, déi de Papp hätt kéinte maachen, sou de Matthew Robson Dailymail géintiwwer.
Och seng zwee Geschwëster sinn am Besëtz vun esou enger lukrativer Sammlung. Ob si an eng Immobilie investéiere wäerten oder hir Sammlung behale wëllen, ass awer net gewosst.