
Geschitt ass de Virfall am Quartier Clapham zu London. Online ass dann och e Video zirkuléiert, dee weist, wéi an dëser Géigend sichtlech bekifft d’Bréiwer ausdroen. Mëttlerweil ass de Post geläscht ginn.
Wéi et heescht, hunn eng Partie Mataarbechter vun hiren Tournéeë missten agesammelt ginn, well se deels Schwieregkeeten haten, d’Bréiwer weider auszedeelen. Ee Mataarbechter soll 4 Brownien aus dem Pak giess hunn.
Um Pak soll iwwregens “Liewensmëttel vum Pablo Chocobar” gestanen hunn.