
Et ware Biller vun der Oscar-Zeremonie, déi ronderëm d’Welt gaange sinn. Den US-Acteur Will Smith huet dem Moderator Chris Rock eng op de Bak ginn, nodeems hien en offällege Witz iwwert d’Jada Pinkett gemaach hat. Elo muss den 53 Joer ale Schauspiller mat de Konsequenze vu sengem Handele liewen. Fir déi nächst 10 Joer sinn nämlech alleguerten d’Oscar-Galaen an Evenementer vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences fir hien tabu. No sengem “Ausrutscher” hat sech de Will Smith an engem Statement fir säi Verhale wärend der Präisiwwerreechung entschëllegt, ma ganz a Vergiessenheet geréit de “Slapgate”, wéi international Medien et nennen, awer net.
De Schauspiller Kenny Rock, de jéngere Brudder vum Chris Rock, keeft dem Will Smith d’Entschëllegung nämlech net of an empfënnt se als heuchleresch, sot hie géintiwwer der “Los Angeles Times”. Hien hätt dowéinst eng aner Propos, fir dee Problem aus der Welt ze schafen.
Nodeems de Kenny Rock e Vertrag mam Grënner vun “Celebrity Boxing” ënnerschriwwen huet, gëtt et elo am Summer eescht, mellt d’Promi-Portal “TMZ”. Da waart nämlech de Boxréng op den 42 Joer alen Acteur. Allerdéngs feelt him nach e Géigner.... An do ass him kee besseren agefall wéi de Will Smith.
Et ass awer éischter onwarscheinlech, dass sech den Oscar-Gewënner dëser Erausfuerderung stelle wäert.