Zanterdeem d’Restauranten hir Dieren zou hunn, hu Verschiddener sech fir d’Livraison a domicile entscheet, ma Anerer hu sech eng aner Iddi afale gelooss, fir dass d’Leit bei si kommen, a vun hinnen, also vum Restaurateur, zerwéiert ginn. A wann se da just mam Camper kommen dierfen, huet een d’Iddi séier verstanen. An Däitschland gëtt et dat schonn, dëse Camper-Drive Inn, ma de Restaurant “bei den Zwillingen” zu Jonglënster um Golf huet dëst elo als éischten zu Lëtzebuerg proposéiert.
Vu dass een net méi an de Restaurant dierf, fiert ee mat sengem Heem virun d’Dir vum Restaurant . Am Domaine de Belenhaff zu Jonglënster bei “Den Zwillingen” gëtt et elo Owes gutt z’iessen an d’Camper ginn esou guer vum Personal zerwéiert. De Chrëscht Thoma, deen de Betrib mat senger Zwillingsschwëster féiert, hat awer keng extra Konditiounen, fir den Dinner dierfen ze genéissen, ausser dass een e Camper muss hunn.
Et sollt och eppes ganz Spezielles ginn a keen Drive Inn, nee d’Konzept soll de Camper-Proprietären eng schéin Erënnerung mat heem ginn.
Fir déi, déi awer deen een oder anere Patt genéisse wëllen, déi dierfen och mat hirem Camper do iwwernuechten, de Social Distancing gëtt hei definitiv agehalen.
Esou waart Owes e 5-Gäng-Menü op d’Visiteuren, dëst muss elo net onbedéngt jidderengem doheem Loscht an d’Iddi gi fir dëst ausprobéieren ze kommen, d’Zwillingen hunn den Ament genuch Succès mat dësem Konzept, well et déi eenzeg si mat esou enger Formule.
D’Thema “Candle Light Dinner” ass emol den Ament beléift bei de Clienten , wéi et elo weider geet , a wéi laang, an ob oder ob net, u sech fënnt een online alles, wat et wichteg ze wësse gëtt iwwert d’Zwillinge vu Jonglënster.