Dëst mierken d’Proprietären och bei de Reservatiounen. Wärend der Haaptsaison am Summer huet sech net vill geännert: De gréissten Deel vun de Reservatioune maachen d’Hollänner aus. Mä anescht wéi an der Vir-Saison fannen och ëmmer méi Däitscher a Lëtzebuerger de Wee ob d’Campingen. D’Aart a Weis wéi Camping gemaach gëtt, huet an de leschte Joren awer net vill geännert. Mobilhomen a Roulotten hunn nach ëmmer vill Succès. D’Locatioun vu Chaleten ass an de leschte Joren ëmmer weider geklommen, ob där anerer Säit ginn Zelter ëmmer manner beléift. Nieft de klassesche Chalete ginn et awer och méi innovativ Approchen, vun deene mer eis der zwou op Beefort op de Camping ukucke waren...