D’Caroline André fäert kee blot A. D’Polizistin ass déi eenzeg Profiboxerin am Land an hëlt et mat all Géignerin op. Elo huet si en neie Veräin an d’Liewe geruff, fir Jonker vun der Strooss ze kréien.
Den Dokter Patrick Peters verbréngt seng Vakanzen am léifsten am Schnéi. Den Extremsportler geet bis u seng Grenzen, sou zum Beispill bei senger Grönland-Expeditioun. 29 Deeg war en dëst Joer ënnerwee, fir d’Süd-Nord-Passage ze maachen. 2022 soll et an d’Antarktis goen.
De Luc Hoffmann steet net just gären hannert der Kachmaschinn. Hie moosst sech och op der Tëlee gäre mat aneren. Bei MasterChef op Sky huet hie sech d’Zänn ausgebass.