Reng Haut erwënschtChina verbitt Tätowéierunge bei Futtballspiller

RTL Lëtzebuerg
De Muechtapparat Peking huet nees zougeschloen a fuerdert an der Futtball-Nationalekipp eng absolut reng Haut.
© AFP

Chineesesch Futtball-Nationalspiller sollen, wann et dem Wëlle vun der Regierung nogeet, hir Tätowéierungen ewechmaache loossen. Vun elo un ass et dann och all Spiller “strikt verbueden”, sech iwwerhaapt en Tattoo stiechen ze loossen.

An der Vergaangenheet hunn Nationalspiller hir Tätowéierung scho mat entspriechendem Gezei oder Bandagë verstoppt, fir net mat der kommunistescher Partei unzëecken, déi dës Kierperkonscht absolut refuséiert.

Back to Top
CIM LOGO