
Vill vun de Bréiwer wieren “richteg kleng Konschtwierker” gewiescht an hätten dekoréiert Chrëschtbeemercher gewisen. Dat huet d’Post e Mëttwoch zu Bonn matgedeelt.
Op de Wonschziedelen hätte klassesch Saache wéi Spillsaache gestanen, awer och Aussergewéinleches, wéi datt Spinat no Schockela schmaache sollt. Aus de Bréiwer wier awer och däitlech ervirgaangen, “datt d’Corona-Kris vill Kanner weiderhi vill beschäftegt”. Dacks hätte si sech gewënscht, datt Corona geschwënn eriwwer wier.