Testlaf fir de WanterChrëschtmaart bei iwwer 30 Grad zu Lübeck

RTL Lëtzebuerg
Glühwäin, deftegt Iessen a feierlech Stëmmung: Zu Lübeck koume Chrëschtdagsfrënn op hir Käschten.

Wat op den éischte Bléck méiglecherweis wéi en Abrëllsgeck wierkt, ass a Wierklechkeet eng Aktioun mat eeschtem Hannergedanken. Wärend déi eng op de Plagë brutzelen a Glace iessen, kënnen déi aner zu Lübeck op der Maartplaz iwwert de Chrëschtmaart trëppelen. Vum 10. August u ginn hei op 5 Stänn Iessen, Gedrénks an Entertainment ugebuede mat Inte-Fëschen oder engem Karussell.

Domat wëll deen de Bierger net just eng Ofwiesslung vum gewéinleche Summerprogramm ubidden, mä de Forainen d’Méiglechkeet ginn, nees Geld ze verdéngen an ze testen, wéi e Chrëschtmaart an Zäite vu Corona oflafe kéint. En Testlaf also a kee Marketing-Gag vun der Stad Lübeck. Bis den 18. Oktober solle Stänn virun der Gemeng stoen an am 2-Woche-Rhythmus wiesselen.

Mat Bléck op déi aktuell Pandemie kéint ee kee Chrëschtmaart organiséieren, wéi d’Lübecker e gewinnt sinn, betount de Buergermeeschter Jan Lindenau dem Portal “HL-live.de” géintiwwer. Et misst elo gepréift ginn, wat alles méiglech ass. Aus deem Grond géing een zesumme mat Gastronomen e Konzept op d’Bee stellen, wéi ee vill Leit op engem Koup kéint evitéieren.

E Stéck Normalitéit a Corona-Zäiten: Dat kritt een den Ament zu Lübeck ugebueden. D’Fro stellt sech just, ob ee bei iwwer 30 Grad net léiwer e kale Béier drénkt amplaz Glühwäin.

Back to Top
CIM LOGO