Live! Planet People am ReplayChristian Ehrlich, Noah Schmalen, Loïc Juchem

RTL Lëtzebuerg
E Freideg goung et ëm: D'Aarbecht vun Déierejournalisten, d'Andréck vun engem Austauschschüler an den USA an d'Erfarunge vun engem Reesbegeeschterten
Live! Planet People: Christian Ehrlich, Noah Schmalen, Loïc
D’Aarbecht vun Déierejournalisten, d’Andréck vun engem Austauschschüler an den USA an d’Erfarunge vun engem Reesbegeeschterte waren e Freideg Theema.

De Christian Ehrlich huet e grousst Häerz fir Déieren, an zesummen mam Frank Elstner ass hien op de Spuere vu raren Exemplairen ënnerwee. Schonn zanter 18 Joer schafft hien net nëmmen als Déierefilmer a Journalist, mä ass och Produzent a Chef vun DOCMA TV Produktion, wou hie Serië wéi “hundkatzemaus”, “Harte Hunde - Ralf Seeger greift ein” oder “Eisbär, Affe & Co” realiséiert. Et gesäit een hie reegelméisseg moies bei “Volle Kanne” am ZDF an zanter 2019 setzt hie sech mam Frank Elstner fir seelen Déieren an, a si si Gewënner vun der “Goldenen Sonne” fir Aarteschutz.

2021 war den Noah Schmalen 5 Méint zu Petersburg am Illinois, wou hien och den American Football kennegeléiert huet. De begeeschterte Museker huet bei sengem Trip an Amerika e ganz neie Schoulsystem kennegeléiert, an och eng nei Welt entdeckt, déi hie bis dohinner sou net kannt huet. Als Austauschschüler huet hie vill nei Andréck gesammelt an dat huet him Loscht op méi gemaach. Hien ass momentan op enger 3ième CD am Kolléisch an nieft American Football a Basketball interesséiert hie sech och nach fir Musek a speziell de Fagott.

De Loïc Juchem ass e virwëtzege Mënsch, an dofir interesséieren hien och ëmmer nees aner Länner a Kulturen. Mat eis deelt hie seng Erfarungen, déi hie rezent gemaach huet, elo wou d’Grenzen och fir d’Touristen nees lues a lues opginn. Hie weess, a wéiwäit de Moment schonn nees Wantersport méiglech ass, ënner wéi enge Konditiounen een nees zu New York wëllkomm ass a wéi d’Liewe sech op Sansibar ufillt, wat een do ënnerhuele kann an op et wierklech eng Alternativ zu de Malediven ass.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.

Back to Top
CIM LOGO