De Claude Duboutay war 840km um Jakobswee an hien hat sech fir de Küstewee entscheet. No 31 Etappen a 17.000 Héichtemeter huet hien zesumme mam Romain Wians d’Zil erreecht. Vum 3. Mäerz bis den 3. Abrëll waren déi zwee Männer op Santiago de Compostela ënnerwee. Well déi meescht Pensiounen eréischt den 1. Abrëll opgaange sinn, hu se och zweemol an engem Klouschter iwwernuecht. Fir de Claude war et ee beschwéierlechen a geféierleche Wee, fir iwwer naass Steng ze klammen, iwwer Stroossen ouni Leitplanken ze goen an ëmmer e Rucksak vun 13kg derbäi ze hunn.

D‘Angela Zimmermann ass eng Frëndin vun der Famill vun den Zauberer Siegfried & Roy. Déi diploméiert Infirmière, déi sech karitativ engagéiert, huet iwwer dëse Wee d’Schwëster vum Siegfried Fischbacher kennegeléiert. Spéider huet se och selwer d’Magier kennegeléiert a war zu Las Vegas bei hinnen doheem. Et gëtt vill Rumeuren iwwer den Tigerugrëff op de Roy Horn, deen duerno op de Rollstull ugewise war an do huet si hir eegen Theorie. De Siegfried an de Roy sinn allebéid e puer Méint noenee gestuerwen, no enger grousser Karriär mat als Attraktioun hire wäissen Tigeren.

www.dayodla.com

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.