Live! Planet People am ReplayClaude François, Florian Müller, Marie Lys Heinz

Patrick Greis
E Freideg goung et am Live! Planet People ëm Wäin, de Gut Aiderbichl an Thaiboxen.
Live! Planet People
E Freideg goung et am Live! Planet People ëm Wäin, de Gut Aiderbichl an Thaiboxen.

De fréiere Journalist Claude François huet eng grouss Passioun, déi e mat ville Leit deelt: “De Wäin”. Hien huet sech op de Lëtzebuerger Wäin konzentréiert, wou hien an der App vinslux 1.500 Wäiner virstellt. Um Enn vum Joer koum och de Guide Vinslux 2020/2021 eraus, wou an dräi Sproochen déi eenzel Zorten a Lage mat ville Fotoe virgestallt ginn.

De Florian Müller ass Chef Marketing&Sales bei Gut Aiderbichl. Sou wéi fir jiddereen, sou waren déi leschte Méint och speziell fir d’Stëftung, déi sech ëm Déiere bekëmmert, deenen et net sou gutt geet, besonnesch schwéier.
D’Leit konnten net op Plaz kommen an d’Spende sinn agebrach. Zu Henndorf an Éisträich, wou 2.000 alles ugefaangen huet, konnten 2019 eleng eng 469 Déieren opgeholl ginn.

D’Marie des Lys Heinz huet sech mat Thaiboxen an Thailand en Numm gemaach. Zu Hollerech hat d’Marie nom Doud vu senger grousser Schwëster mat Streetsport ugefaangen. Am Oktober 2018 ass déi haut 19 Joer jonk Sportlerin an Thailand geplënnert an huet sech vill verbessert. Entretemps verdéngt d’Marie Suen als Profi an huet vu 17 Matcher der 12 gewonnen. Dee gréissten Optrëtt hat si zu Bangkok dee live op engem Thai Channel gewise gouf.

Back to Top
CIM LOGO