Och Lëtzebuerg huet eppes domadder ze dinn, well d'Christina Helmling aus engem Coiffersalon vu Waasserbëlleg och zu New York mat dobäi ass, fir d’Modellen ze coifféieren.
Wéi ass Si dozou komm a wat huet se schonn alles erlieft? Mir haten d’Geleeënheet, fir hir iwwer Videokonferenz unzeruffen.