
Elo ass d’Heft awer däitlech méi wäert. Et geet nämlech ëm de weltwäit am beschten erhalenen Exemplaire vun dëser Ausgab. Dofir huet een op der Stee ronn 3 Milliounen Euro op den Dësch geluecht. Et ass deen héchsten Präis, dee bis ewell fir e Comicheft bezuelt gouf.
D’Heft vu 1962 erzielt d’Ursprongsgeschicht vu Spiderman, deen a sengem Privatliewen als Peter Parker ronderëm leeft a guer net beléift ass. Den Erfolleg vun der Ausgab war éischter onerwaart. 1963 krut de Spiderman du seng eege Comicserie.