Deemools hat de Laurent nämlech matkritt, dass d’Santé Leit géif sichen, déi kéinten an de Callcenteren aushëllefen. Doropshin huet hie sech gemellt.
Natierlech wier dat awer en zimmleche Changement gewiescht, virun allem um Ufank. „Et war wierklech de Sprong an d’kaalt Waasser, wann ee sou wëll”, sou de Laurent. „Ech hu mech gefrot, op wat léiss de dech do an? Wat muss de do maachen? Et wousst ee jo selwer net richteg, wat mat där Pandemie leeft a wéi laang dat nach wäert goen. Ech hu mech och gefrot, ob ech psychesch staark genuch sinn, fir dat kënnen ze maachen, well ee jo awer mat ganz vill Negativem konfrontéiert gëtt.” Schlussendlech hätt hien awer séier a säin neie Roll era fonnt.
Säin Alldag huet zanterhier immens changéiert. Normalerweis geet et fir de Laurent moies mat engem Briefing lass. Do diskutéiere si alles wat den Dag virdru sou geschitt ass an och eventuell Changementer, déi an der nächster Zäit op si duerkommen. Esou war zum Beispill d’Ofschafe vum Large Scale Testing a senger gewinnter Form ee vun de Haaptthemen den Dag vun eisem Tournage. Des Weidere wäert sech hir Ekipp an der nächster Zäit vergréisseren, well déi dräi Hotlinen zu enger solle regruppéiert ginn, wat méi Aarbecht fir de Laurent a seng Aarbechtskolleege bedeit.
Fir eise Reportage op der Tëlee hu mir de Laurent fir e ganzen Dag begleet a mat him iwwer säin Alldag am Callcenter an all d’Changementer, déi sos nach an nächster Zäit ustinn, geschwat.