Papp fir déi 5. a 6. KéierCristiano Ronaldo a seng Frëndin kréien Zwillingen

RTL Lëtzebuerg
Dës Noriicht huet de Weltfuttballer mat enger Foto op Instagram matgedeelt.
© Instagram

De Cristiano Ronaldo (36) a seng Frëndin Georgina Rodriguez (27) ginn Eltere vun Zwillingen. Dat hunn de Futtballer an d’Model en Donneschdeg op Instagram matgedeelt an deem se d’Ultraschallfotoe gewisen hunn.

Déi 2 freeën sech dann och schonn enorm op hir Zwillingen, si kéinten et kaum erwaarde, sou de Cristiano Ronaldo op Instagram.

Et ass elo schonn déi 2. Kéier dass d’Koppel zesummen Nowuess op d’Welt bréngt. Wéi et heescht soll seng Partnerin Georgina an der 12. Woch schwanger sinn.

Fir de Cristiano Ronaldo selwer wieren d’Zwillingen d’Kanner Nummer 5 a 6. Seng 4 aner Kanner sinn de Cristiano Ronaldo Jr. (11), d’Zwillingen Eva a Mateo (4) an d’Alana Martina (3), dat hien och zesumme mat senger aktueller Frëndin huet. Zënter dem Hierscht 2016 ass d’Koppel zesummen.

Back to Top
CIM LOGO