Vu Lissabon op TurinCristiano Ronaldo mat Fliger vun der Air Rescue transportéiert

RTL Lëtzebuerg
De portugisesche Futtballstar war rezent positiv op de Virus getest ginn a gouf elo a seng Heemescht op Turin bruecht.
© RTL (Archiv)

Am Asaz war dowéinst eng Maschinn vun der Air Rescue. Déi Nouvelle aus der portugisescher Press krut RTL vun der LAR confirméiert.

D’Luxembourg Air Rescue wier fir dësen Asaz genotzt ginn, well si déi eenzeg op der Welt sinn, déi hir Fligere mat engem speziellen Zelt kënnen equipéieren, esou datt den Infizéierten net am direkte Kontakt mat den Dokteren an dem Equipage steet. Aus der Erfarung vum Transport vun Ebola-Patienten hätt een dëse System en place gesat, fir eben all déi bedeelegt Leit ze schützen an de Patient ze isoléieren.

Back to Top
CIM LOGO