Eenegung tëscht dem Johny Depp an dem Amber HeardD'Amber Heard zitt seng Demande, fir a Revisioun ze goen, zeréck

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Schauspillerin op Instagram matdeelt, hätt si decidéiert, fir am Rechtssträit mat hirem Ex-Mann dorop ze verzichten, an Appell ze goen.
© POOL/AFP/Archiv/JIM WATSON

Wéi si schreift, hätt si dës Entscheedung geholl, well si d’Vertrauen an den amerikanesche Rechtssystem verluer hätt. Hir Zeienausso wier net protegéiert ginn an hätt als Fudder fir déi sozial Medie gedéngt. Esouguer wann si mat hirer Demande, fir an Appell ze goen, Erfolleg hätt, géif dat nëmme bedeiten, dass et zu engem neie Prozess kéim. Ma si géif keen 3. Prozess méi packen.

E Geriicht am US-Bundesstaat Virginia hat d’Amber Heard am Juni dozou verurteelt, dem Johnny Depp ronn 10 Milliounen Dollar ze bezuelen. Dat well si him zu Onrecht reprochéiert hat, hatt mësshandelt ze hunn. Wéi de Promi-Portal TMZ gemellt hat, misst d’Schauspillerin hirem Ex-Mann no enger Vereenbarung nëmmen nach eng Millioun Dollar bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO