
Et gëtt deemno méi einsam am Ëmfeld vun der Queen. Si wier och immens traureg, jiddereen hätt d’Lady Farnham immens gär gehat. Si wier ëmmer gutt gelaunt gewiescht, heescht et vun engem Insider.
D’Nouvelle kënnt just kuerz nom Doud vum Ann Fortune FitzRoy, der Herzogin vu Grafton, déi am Alter vun 101 Joer leschte Mount verscheet ass. Och si war eng enk Frëndin vun der Kinnigin. Hire Mann, de Prënz Philip, hat d’Queen jo schonn am Abrëll d’lescht Joer verluer.