
D’Zäitëmstellung de Weekend elo op d’Summerzäit heescht, dass et moies eng Stonn méi laang donkel bleift, dofir ass et owes eng Stonn méi laang hell.
De Pro a Kontra gëtt scho jorelaang diskutéiert. Vill Mënschen halen d’Zäitëmstellung fir absolut onnéideg a fuerderen, dass dat soll ophalen. Zanter 4 Joer lafen dës Diskussiounen och schonn zu Bréissel. Esou laang gëtt schonn dru geschafft, d’Zäitëmstellung ofzeschafen.
De fréieren EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker hat de Plang 2018 virgestallt, dëse sollt u sech 2019 gräifen. Du gouf alles op 2021 verluecht, well d’EU-Länner sollten dem Plang als éischt emol majoritär zoustëmmen. D’Memberstaate sollte sech och ënnertenaner ofstëmmen, fir z’evitéieren, dass jee no Land verschidden Zäitzonen entstinn an dat Ganzt dann an e risege Chaos ausaart. An esou laang sech déi 27 Länner net eens sinn, esou laang musse mir eis Auer all 6 Méint no vir, respektiv no hanne réckelen.
Ee verzweiwelte Léisungsvirschlag koum awer lo vum EU-Parlament. Wann ee sech net wéinst enger Stonn eens wier, kéint d’Auer an der EU eemoleg am Fréijoer ëm eng hallef Stonn no vir gestallt ginn. Eng hallef Summerzäit deemno. Am Hibléck op de 15. Längegrad, un dee sech déi Mëtteleuropäesch Zäit orientéiert, géif dat effektiv heeschen, dass d’Sonn mëttes um 12.30 Auer am héchste steet an net méi um 12 Auer am Summer an um 13 Auer am Wanter.
Dës Propos huet d’Vize-Fraktiounscheffin vun de Sozialdemokraten am EU-Parlament, Biljana Borzan, der EU-Kommissioun an dem Conseil virgeluecht.
Ee grousse Problem gëtt et bei der Hallef-Stonn-Léisung awer virop, Europa géif domat vun all Iwwerteneestëmmung ofwäichen, dat heescht, vun all de 24 Zäitzone weltwäit. Zwéngend ass déi dobäi allerdéngs net, och aner Länner hunn en Ënnerscheed vun enger hallwer Stonn, zum Beispill Deeler an Australien, Indien oder och nach den Iran.
Et dierf een also weider gespaant sinn, wéi sech déi ganz Diskussioun ëm eis Auerzäit nach entwéckelt...
D’Zäitëmstellung gouf eigentlech deemools agefouert, fir dass d’Leit manner Stroum an Energie verbrauchen, andeems se d’Dagesliicht méi laang notze kéinten. Dass awer ënnert dem Stréch keng Energie gespuert gëtt, dat, obwuel d’Leit zwar manner Stroum verbrauchen, awer an de fréie Moiesstonnen am Hierscht an am Fréijoer méi heizen, ass elo well eng Zäitche bekannt. Also firwat nach weider un eppes festhalen, wat souwisou net dat bréngt, wat sech dovunner erwaart gouf?
Vill Schlofmedezinner schwätze sech fir e Bäihale vun der Wanterzäit aus. D’Dagesluucht a besonnesch de bloen Undeel vum Sonneliicht géing eise Biorhythmus beaflossen, quasi also eis bannescht Auer, déi eis seet, wéini mir waakreg sinn a wéini mir schlofe wëllen. All dat géing den Experten no fir d’Bäibehale vun der Wanterzäit schwätzen.