
Wie kennt déi traditionell Hochzäitsgeschenker wéi Kichenapparater oder Geschier net? An der Welt vun den Hollywood-Stare gräift een awer gären emol méi déif an d’Täsch. Sou zum Beispill den David Beckham. Deen huet sengem Jong en Oldtimer geschenkt. An zwar ee ganz spezielle Modell. Dat bal 70 Joer aalt Gefier gouf nämlech als Elektroauto ëmgebaut. En Hochzäitskaddo op véier Rieder am Wäert vun enger hallwer Millioun Dollar.
De Mann vum Victoria Beckham huet de Jaguar XK140 bei der Entreprise Lunaz an Optrag ginn. Nei lackéiert an als Elektroauto ëmgebaut ass de Luxuswon e richtegen “Hingucker”. E Sonndeg huet den David Beckham dem Brooklyn d’Schlësselen iwwerreecht. Ma do virdrun wollt d’Futtball-Legend et sech net huele loossen, selwer en Tour mam Auto ze maachen.