WäiproduktiounD'Charlène Muller ass Kellermeeschtesch zu Gréiwemaacher

RTL Lëtzebuerg
D’Produktioun vum Wäin ass wuel ee Beräich, an deem éischter Männer ewéi Frae schaffen.
D'Charlène Muller ass Kellermeeschtesch zu Gréiwemaacher
D’Produktioun vum Wäin ass wuel ee Beräich, an deem éischter Männer ewéi Frae schaffen.

Eng vun deene Wéinegen ass d’Charlène Muller. Si ass schonn a ganz jonkem Alter Kellermeeschtesch bei Domaines Vinsmoselle zu Gréiwemaacher ginn. D’Lorena Tornambé huet si kennegeléiert a mat hier iwwer hiren Entwécklungswee an d’Aufgabe vum Beruff geschwat.

D’Charlène Muller aus der Champagne ass mat eng vun deenen eenzege Fraen am Domaine vum Wäin zu Lëtzebuerg. 2005 huet si bei Domaines Vinsmoselle als Stagiaire ugefaangen a sollt 3 Méint bleiwen, fir Erfarungen am Ausland ze sammelen. Schlussendlech ass si elo schonn 13 Joer zu Lëtzebuerg, well si d’Chance hat, d’Plaz vum Kellermeeschter vu Gréiwemaacher ze iwwerhuelen. Sou ass et dozou komm, dass si am jonken Alter vun 23 Joer scho Kellermeeschtesch ginn ass.

Wa si moies an d’Kellerei kënnt, këmmert si sech als éischt ëm organisatoresch Saachen. Si dréit wichteg Daten an d’Kellerbuch an a preparéiert Aufgabenziedele fir hir Mataarbechter. Duerno mécht d’Charlène Muller Analyse vun den Drauweprouwe vum Dag virdrun. Ganz wichteg heibäi ass d’Schwiefelanalys. Schwiefel ass gutt, fir de Fruuchtsaaft vun den Drauwen, och Most genannt, virun der Oxidatioun ze schützen. Et dierf awer och net ze vill Schwiefel dra sinn, soss geschitt nämlech kee Gärungsprozess.

D’Charlène Muller kënnt aus enger Wënzerfamill an huet schonn als klengt Kand ëmmer an de Wäibierger gespillt. Fir si war et allerdéngs am Keller ëmmer e bëssi méi interessant.

Als weiblech Cheffin an engem Männerdomaine kann et emol virkommen, dass Ënnerscheeder optrieden. D’Kellermeeschtesch hat awer bis elo nach keng negativ Erfarungen.

D’Aarbecht an der Kellerei ass trotzdeem aktuell nach als Männerdomaine bekannt.

Och fir d’Wënzer vun der Musel war et nei, weibleche Wand am Domaine ze hunn. Si hunn d’Charlène Muller awer direkt an hiert Häerz geschloss.

Déi frësch Drauwe kommen all Moien um 10 Auer an der Kellerei un. D’Charlène Muller kontrolléiert, ob d’Qualitéit vun den Drauwe stëmmt a mécht eng Selektioun. Um Enn vum Dag gëtt da gekuckt, wéi vill Kilo Drauwen erakomm sinn a wat fir eng Zorten a wéi een Tank eraginn, fir dass d’Nuetsschicht weess, wat se ze dinn huet.

Back to Top
CIM LOGO