SupermodelD'Claudia Schiffer kritt hir eege Barbie

RTL Lëtzebuerg
Fir hire 50. Gebuertsdag kritt d'Claudia Schiffer e ganz besonnescht Geschenk: E Plastik-Doubel vu sech selwer.
© AFP/LEON NEAL

Et ass net déi éischte Kéier, dass Staren als Barbie-Popp veréiwegt ginn. Ënnert anerem d’Heidi Klum an d’Gigi Hadid haten déi selwecht Éier.

Fir ganz besonnesch Fashion-Momenter vum Gebuertsdagskand an Erënnerung ze behalen, gëtt d’Schiffer-Barbie direkt an 2 Versioune verkaf. Eng Kéier mam Kleed vum Donatella Versace aus dem Joer 1994 an eng Kéier mat engem Outfit vun der Fréijoer/Summer-Kollektioun vu Balmain vun 2016.

Grousst Luef krut déi weltbekannte Blondin ënnert anerem vu Moud-Korypheeë wéi dem Balmain-Creative-Director Olivier Rousteing fir hiert Talent: “Claudia Schiffer is, of course, one of fashion’s most transformative figures—she’s the definition of a supermodel”. Ma och d’Donatella Versace huet Wierder fonnt, fir d’Supermodel ze beschreiwen. D’Claudia an d’Barbie wieren alle béid 2 staark Fraen, sou déi italienesch Fashion-Designerin: “Since we were little girls, Barbie has always been not only a doll, but most importantly it was a mirror of our society as it kept evolving with it. Claudia and Barbie are two strong women who do not need to be empowered by anyone, because they have always been the makers of their destiny. I am so proud that to celebrate Claudia’s 50th year, the blue gown from the 1994 show was chosen as her outfit. Feminine and glamour, it really epitomizes the style of both of them.”

Back to Top
CIM LOGO