E grousse Problem fir de Secteur ass d’Auerzäit. D’Clubbe mussen ëm Mëtternuecht zoumaachen, wou soss den Owend ëmmer eréischt richteg ugefaangen huet. Dobäi stellt sech d’Fro, wéi Enn des Joers soll Silvester gefeiert ginn, wann um 12 Auer d’Diere mussen zou sinn. D’Geranten vum M Club a Melusina hoffen dat Bescht.
5-6 Méint Paus wéinst dem Coronavirus maache vill aus. Den M Club huet eng Perte gemaach duerch d’Fixkäschten, déi och ouni Akommes hu misse bezuelt ginn. Elo kënnen d’Geranten erëm ausootmen, si dierfen nees Partygäscht empfänken a probéieren esou gutt wéi méiglech Normalitéit an déi ganz Situatioun eran ze bréngen.
Dëst geet allerdéngs nëmmen, wa jiddereen d’Corona-Mesuren anhält. Et muss genuch Ofstand tëscht den Dëscher sinn, jiddereen, deen opsteet, muss eng Mask undoen an et muss genuch Désinfectant op der Plaz sinn. Dem Dani Crovisier no, Gerant vum Melusina, géifen d’Cliente sech gréisstendeels un d’Restriktiounen halen a wann Alkohol am Spill ass, dann ass hien do, fir seng Clienten dorun ze erënneren.
