
Den Haff ass am Trauer. De Luis Mestre ass e Mëttwoch zu Genf am Alter vu 64 Joer verscheet.
Scho virun 2 Joer hat den Haff gesondheetlech Problemer vum Brudder vun der Grande-Duchesse gemellt. Deemools war de Luis Mestre an engem Spidol zu Genève op der Intensivstatioun behandelt ginn.
D’Eltere vun der María Teresa Mestre haten am Ganze 4 Kanner. En anere Brudder vun der Grande-Duchesse, de José Antonio Mestre, ass 2015 am Alter vun 62 Joer gestuerwen.
Op de soziale Reseauen huet d’Grande-Duchesse knapp no der offizieller Annonce e Message hannerlooss, an deem si beschreift, wéi déi betraff si vum Doud vun hirem “geléifte Brudder” ass.
Wéi den Haff e Mëttwoch den Owend nach matgedeelt huet, ass déi Groussherzoglech Famill fir d’Begriefnis zu Genf.
Am Palais an der Stad kann ee sech donieft an e Kondolenzbuch androen, dat en Donneschdeg tëscht 13 a 17 Auer an e Freideg vun 9 bis 12 a vun 13 bis 17 Auer, an um Palais souwéi um Bierger Schlass sinn d’Fändelen vun en Donneschdeg u bis e Samschdeg op Hallefmast.
Annonce du décès de Monsieur Luis MESTRE, frère cadet de Son Altesse Royale la Grande-Duchesse
C’est avec une grande tristesse que Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse font part du décès de Monsieur Luis MESTRE, le frère cadet de Son Altesse Royale la Grande-Duchesse, survenu aujourd’hui, à Genève, à l’âge de 64 ans.
Funérailles de Monsieur Luis MESTRE
Leurs Altesses Royales le Grand-Duc et la Grande-Duchesse, accompagnées de leur famille, assisteront, à Genève, aux funérailles de Monsieur Luis MESTRE, frère cadet de Son Altesse Royale la Grande-Duchesse.
Un registre de condoléances sera accessible au public au Palais grand-ducal*, Jeudi 2 juin de 13h00 à 17h00
Vendredi 3 juin de 9h00 à 12h00 et de 13h00 à 17h00.
Le drapeau du Palais grand-ducal ainsi que celui du Château de Berg sont mis en berne du jeudi 2 juin au samedi 4 juin.