
De franséisch-spuenesche Star-Couturier ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Dat mellt den “Le Télégramme” e Freideg.
Aner franséisch Medien hunn d’Nouvelle opgegraff. Iwwert d’Ëmstänn vu sengem Doud ass nach näischt gewosst.
Hie war virop bekannt fir seng Moud a Parfumskreatiounen. Am spuenesche Biergerkrich ass hie mat senger Mamm a Frankräich gaangen. Hei huet hien Architektur studéiert, ier hien ugefaangen huet Kleeder z’entwerfen. Enn de 60er Joren huet hien éischt Parfumen op de Maart bruecht.