
Ma richteg lass goung et fir de Schauspiller awer virun 30 Joer, wéi hien direkt mat senger 1. Grousser Roll als „Prince of Bel-Air“ e mega Hit gelant. D’Serie ëm de Will, de Carlton, d’Hilary an de Phil huet haut nach ëmmer Kult-Status a kommen elo fir den Anniversaire zeréck op d’Tëlee.
De Will ass frech, ausgeflippt an hält net ganz vill vu Reegelen. Ma wéi hien bei seng relativ verklemmt awer räich Famill plënnert, stoussen hei definitiv zwou Welten openeen. Ma vun dësem Witz lieft d’Serie „Der Prinz von Bel-Air“, eng Serie, déi no all deene Jore reegelrechte Kultstatus erreecht.
De Witz an d’Charaktere sinn zäitlos: De strenge Moni Phil, de Butler Geoffrey, dat jonkt Ashley… Och déi méi al Duerschter Hilary passt ëmmer nach an eis Zäit eran. Och wann et nëmme Guddes maache wëll, këmmert et sech dach am léifsten ëm sech selwer.
Den Highlight fir vill Leit ass awer zweiwellos d‘Bezéiung tëscht dem Will a sengem Cousin Carlton. Béid Personnagen hu sech dacks vill ze soen, ma seelen eppes Frëndleches.
Fir d’Fans gëtt et dann elo fir den 30. Anniversaire vun der Serie nees eng gutt Noriicht, nämlech dass d’Serie nees am Fernsee leeft, dat op Comedy Central.
Maacht bei eisem Gewënnspill mat! Ze gewanne gëtt et e Prinz of Bel-Air-Package, mat ënnert anerem enger spezieller Jackett an enger limitéierter Vinylsplack vum Soundtrack an engem Nummereschëld.