
Virun 23 Joer huet en de Barry Clay an enger Baach an der Géigend vu Ruby am US-Bundesstaat Alaska entdeckt. Elo koum den “Alaska Centennial Gold Nugget” ënnert den Hummer. Fir 750.000 Dollar, ëmgerechent ronn 661.000 Euro, huet en de Besëtzer gewiesselt. Dat huet d’Auktiounshaus “Heritage Auctions” op Twitter matgedeelt.
An den 90er Joren hat e private Sammler dem Barry Clay de “gëllenen Nugget” ofkaaft. Wien den neie Besëtzer vun dësem dach éischter aussergewéinleche Klompen ass, gouf net gesot.