De Georges Reuter, gebierteg vu Capellen, hëlt ons mat an den Arizona. Zu Pinal County, net wäit vun der mexikanescher Grenz ewech, suergt de 50 Joer ale Sheriff Lamb an dëser Wüstelandschaft tëscht Phoenix an Tucson fir d’ Gesetz a féiert e stännege Kampf géint déi mexikanesch Karteller.
Déi 3 mächtegst mexikanesch Karteller, zu deenen och d’Sinaloa- an d’Golf-Kartell gehéieren, sollen dem amerikanesche Verdeedegungsministère no ëm déi 100.000 Memberen hunn. An dësem Eck vun den USA gëllen d’Reegele vum Wëlle Westen.
De Georges Reuter weist ons wéi de Sheriff dohanne géint des Karteller virgeet an hëlt ons och mat an e Prisong.
An den USA ginn et den Ament 2 Millioune Prisonéier, an dat bei 5.000 Prisongen. Eis Kamera huet an engem vun dëse Prisongen dierfe filmen.
25 Prozent vun all deenen, déi weltwäit am Prisong sëtzen, sëtzen an den USA.
Vill Prisongen, an deene sech all méiglech verschidde Krimineller erëmdreiwen, goufen zu richtege Rekrutéier-Zentre vun de Karteller, mat deene vu bannen, also aus dem Prisong eraus rekrutéiert gëtt.