Alles GuddesDe Grand-Duc Henri a Prënz Sébastien feiere Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
De 16. Abrëll ginn et um groussherzoglechen Haff direkt 2 Grënn fir ze feieren: De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien hunn op deem Dag Gebuertsdag.
© 2017 Cour grand-ducale / Lola Velasco

De Grand-Duc Henri feiert dëst Joer säi 67. Gebuertsdag. Hie koum de 16. Abrëll 1955 um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, op d’Welt.

Zanter dem 7. Oktober 2000 ass den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg de Groussherzog vum Lëtzebuerger Land. Säi kompletten Titel ass “Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein”.

LINK: Biografie vum Grand-Duc HenriDat zweet Gebuertsdagskand um Haff ass de Prënz Sébastien, de jéngste Fils vun der groussherzoglecher Koppel. Hie feiert dëst Joer säin 30. Gebuertsdag.

“Son Altesse Royale le Prince Sébastien, Henri, Marie, Guillaume, Prince de Luxembourg, Prince de Nassau et de Bourbon-Parme” - wéi de Prënz mat sengem ganzen Numm heescht, huet de 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg d’Liicht vun der Welt erbléckst.

LINK: Biografie vum Prënz Sébastien

Back to Top
CIM LOGO