Eng 340 Vertrieder aus Politik, Verwaltung, Ekonomie, Kultur a Sport goufen e Mëttwoch op der traditioneller "Garden Party" an de Gäert op Schlass Bierg empfaangen.
Och e Freideg waren nees eng sëllege Gäscht um Schlass Bierg gelueden, an haten d'Geleeënheet, mat Membere vun der groussherzoglecher Famill ze poteren.
Et war déi leschte Kéier, datt de Grand-Duc Henri op den traditionelle Rendez-vous invitéiert huet. D'nächst Joer wäert et dann u sengem Fils, dem Ierfgroussherzog Guillaume, sinn, dee jo am Oktober d'Trounfolleg iwwerhëlt.