Gebierteg aus dem Kamerun, wunnt hien zu Lëtzebuerg an ass haaptsächlech a Frankräich bekannt, well hie seng Videoen op franséisch mécht. Logescherweis huet hien esou dann och eng méi grouss Fan-Communautéit. Seng Spezialitéit ass Komedie, wou hien heiansdo op sozial kritesch Probleemer an eiser Gesellschaft opmierksam maache wëll. Mir hunn de Garba perséinlech kennegeléiert.