MRC krut RechtDe Kevin Spacey muss House of Cards-Produzenten 31 Milliounen Dollar bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Ee Geriicht zu Los Angeles huet decidéiert, datt den Acteur MRC déi Zomm bezuele muss als "Entschiedegung fir verluere Revenuen", wéi et heescht.

De Kevin Spacey hat an der Netflix-Serie “House of Cards” den US-Politiker Frank Underwood gespillt, ee wéineg sympathesche Personnage.

2017 krut den US-Acteur am Kader vun der #MeToo-Debatt sexuell Belästegung reprochéiert. Den 62 Joer ale Spacey hat viru 4 Joer domadder seng Haaptroll an der Serie a seng ganz Karriär verluer. D’Uklo ass awer 2019 falegelooss ginn.

MRC huet viru Geriicht elo argumentéiert, datt si déi 6 a lescht Saison ganz hu missen ëmstrukturéieren an op 8 Episoden zesummekierzen.

Dem Spacey seng Affekoten hale sech no der Annonce vum Urteel bis ewell bedeckt.

Back to Top
CIM LOGO